Den 18. September heescht et erëm: Alles op de Vëlo!
Â
Am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch 2022 invitéieren déi Bartrenger a Stroossener Gemengen Iech op en interkommunalen Tour mam Vëlo.
Â
Op dësem flotten Tour vun 20 Kilometer entdeckt Dir d’Vëlospisten an a ronderëm eis Gemengen a gesitt wéi een am Alldag sécher mam Vëlo iwwert d’Vëlospisten an duerch d‘30er Zone fiert.
Â
Lass geet et um 9.45 bei der Bartrenger Gemeng. D’Arrivée ass fir 12 Auer beim Centre Culturel Paul Barblé zu Stroossen geplangt, wou déi Stroossener Gemeng e Patt offréiert.
Â
Kommt a rullt mat!
Organiséiert am Kader vun der EUROPEAN MOBILITY WEEK vun de Mobilitéitskommissioune BARTRENG & STROOSSEN.