Lëtzebuergesch
Country and Line Dance, débutant
Line Dance gëtt, wéi den Numm et scho seet, a Linnen nieft- an hannerenee gedanzt. Et si festgeluechte, sech widderhuelend Figuren, déi synchron vun der Grupp gedanzt ginn. Also am Prinzip e Formatiounsdanz.
Line Dance danzt een zu alle méigleche Rhythmen, déi een aus der Danzschoul kennt. Sief et elo Foxtrott, Walzer, Rumba, Cha Cha, Rock oder Pop.
Mëttlerweil ass Line Dance net nëmmen e Fräizäitvergnüge fir Jiddereen, mee och en Tournéierdanzsport fir engagéiert Dänzer. Line Dance ass fir Dänzer vun all Alter gëeegent an ënnerscheet sech am Wesentleche vun aneren Danzaarten duerch de Verzicht op de Partner ouni wierklech eleng ze danzen.
Stonneplang:
Freideg: 09:30 - 10:30
Informatiounen
Referenz: Country_Line_Dance_FR
Typ: Sport
Ufanksdatum: 02/10/2026 09:30
Enndatum: 05/02/2027 10:30
Plaz vun der Formatioun: Centre Atert, Foyer, 13 rue Atert
Léierpersoun: Daggy Ries
Semester: 1er semestre
Unzuel u Plazen: 25 Plaz(en) verfügbar
Bezuelmethoden: six
Präis:
- Adulte: 67.50€