Heekeltreff - Rencontre de crochet

Mir treffen eis e puer Mol am Mount fir ze heekelen. Dir kënnt gären Är Projete matbréngen, sou datt mir eis ee vun deem Aneren inspiréiere loossen. Mir heekelen och Oktopusse fir prématuréiert Bëbeeën, déi an d’Couveuse musse geluecht ginn (fir d’Kannerklinik vum CHL an Dr Bohler) an Trouscht-Petzie fir d’Kanner vun der Intensivstatioun an der Kannerklinik. Material fir d’Kannerprojeten, wat 100% Kotteng ass, gëtt zur Verfügung gestallt.
Wëllt Dir mathëllefen ? Da kommt bis laanscht, mir weisen Iech gäeren wéi et geet.

Stonneplang:

Dënschdeg: 14:00 - 16:00


Informatiounen

Referenz: Heekeltreff

Typ: Créatifs et artistiques

Ufanksdatum: 22/09/2026 14:00

Enndatum: 02/02/2027 16:00

Plaz vun der Formatioun: Maison Schauwenburg, 7 Beim Schlass

Semester: 1er semestre

Unzuel u Plazen: 11 Plaz(en) verfügbar