Country and Line Dance, Intermédiaire

Line Dance gëtt, wéi den Numm et scho seet, a Linnen nieft- an hannerenee gedanzt. Et si festgeluechte, sech widderhuelend Figuren, déi synchron vun der Grupp gedanzt ginn. Also am Prinzip e Formatiounsdanz.
Line Dance danzt een zu alle méigleche Rhythmen, déi een aus der Danzschoul kennt. Sief et elo e Foxtrott, Walzer, Rumba, Cha Cha, Rock oder Pop.
Mëttlerweil ass Line Dance net nëmmen e Fräizäitvergnüge fir Jiddereen, mee och en Tournéierdanzsport fir engagéiert Dänzer. Line Dance ass fir Dänzer vun all Alter gëeegent an ënnerscheet sech am Wesentleche vun aneren Danzaarten duerch de Verzicht op de Partner ouni wierklech eleng ze danzen.

Stonneplang:

Freideg: 10:45 - 11:45


Informatiounen

Referenz: Country_Line_Dance_FR

Typ: Sport

Ufanksdatum: 02/10/2026 10:45

Enndatum: 05/02/2027 11:45

Plaz vun der Formatioun: Centre Atert, Foyer, rue Atert

Léierpersoun: Daggy Ries

Semester: 1er semestre

Unzuel u Plazen: 25 Plaz(en) verfügbar

Bezuelmethoden: six

Präis:

  • Adulte: 67.50€