La commune
Publié le 12 septembre 2025
2025-10-15 22:00:00+00:00 15:30 15:30[Annulé] Konferenz – MyGuichet
Informations générales
16.10.2025 15:30 - 15:30
Amtsweeër einfach online erleedegen
Entdeckt wéi Dir Är Amtsweeër bequeem vun doheem aus iwwer MyGuichet.lu erleedege kënnt! Dës Konferenz féiert Iech Schrëtt fir Schrëtt duerch d’Benotzung vun der Plattform a weist Iech, wéi Dir Är digital Identitéit sécher asetzt.
Um Agenda:
– Digital Identitéit: Wat ass dat a firwat ass se wichteg?
– Guichet.lu a MyGuichet.lu: Iwwersiicht vun de Plattformen.
– Registréierung an Umeldung: Sou fänkt Dir mat MyGuichet.lu un.
– Beispiller: Praktesch Uwendunge fir Är Amtsweeër.
D’Léierziler sinn:
– Verstoen, wat eng digital Identitéit ass a firwat se eng Roll spillt.
– Wësse, wéi Dir Är digital Identitéit sécher schützt.
– Guichet.lu a MyGuichet.lu kenneléieren an hiren Zesummenhang verstoen.
– Léieren, wéi ee MyGuichet.lu benotzt, fir Amtsweeër ze erleedegen.
Spuert Zäit a maacht Är Amtsweeër digital – einfach, sécher a praktesch! Dëst ass kee Workshop mee eng Konferenz, Dir kritt hei keng individuell Berodung, mee eng Iwwersiicht iwwert den Tool.
Umeldung bis den 10. Oktober 2025
T. 26312 – 255