La commune

Publié le 01 août 2023

2023-09-16 22:00:00+00:00 09:00 13.30
2023-09-17 21:59:00+00:00

Alles op de Vëlo

Alles op de Velo

Informations générales


17.09.2023 09:00 - 13.30

Bertrange

De 17. September heescht et erëm: Alles op de Vëlo!
 

Am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch 2023 invitéieren déi Bartrenger a Stroossener Gemengen Iech op en interkommunalen Tour mam Vëlo.
 

Op dësem flotten Tour vun 17 Kilometer entdeckt Dir d’Vëlospisten an a ronderëm eis Gemengen a gesitt wéi een am Alldag sécher mam Vëlo iwwert d’Vëlospisten an duerch d‘30er Zone fiert.
 

Lass geet et um 9.30 bei der Bartrenger Gemeng. D’Arrivée ass fir 12 Auer an der ArcA zu Bartreng geplangt, wou déi Bartrenger Gemeng e Patt offréiert.
 

Kommt a rullt mat!

Organiséiert am Kader vun der EUROPEAN MOBILITY WEEK vun de Mobilitéitskommissioune BARTRENG & STROOSSEN.