Culture & musique

Publié le 04 janvier 2023

2023-03-23 23:00:00+00:00 20:00 22:00
2023-03-24 22:59:00+00:00

Et wor de Léiweckelchen... Zum Zweehonnertste Gebuertsdag vum Dicks

Affiche Leiweckelchen

Informations générales


24.03.2023 20:00 - 22:00

ArcA

@ ArcA
Entrée: 12 €

20:00 Auer

Tickets: www.luxembourgticket.lu / 47 08 95 1



D’Mumm Séis an den Hexemeeschter, wie kennt se net?

Oder deen ongléckleche Kanonéier, deen d’Première 1856 emol net méi materliewe konnt…

Iwwerlieft hu just d’Ketty an de Péiter, mee grad un déi zwee erënnert sech kee Mënsch méi.

Abee, d’Yannchen an de Carlo krute vum Dicks perséinlech den Optrag e lëschtegt Theaterstéck mat Musek a Gesank ze schreiwen.
Wat koum derbäi eraus (well dat Geséngs wor ni Hiert a mat der Musek stoungen se och ëmmer op Krichsfouss…):

En Trauerspill, 2 Akte laang…, well déi zwee si mëttlerweil schonn esou al, dass se den Dicks op en Hoer nach perséinlech
hätte kënne kennen ...oder kenne kënnen?