Commune de Bertrange
CAS-Hierscht

Léif Frënn vum Club Am Schlass,
 

Esou lues verfierft d’Natur sech an hir schéinste Faarwen an d’Deeg ginn erëm méi kuerz. Mee dat heescht awer net, datt een Doheem soll setze bleiwen. Eng gutt Optioun ass sech matrappen ze loosse fir dës Zäit esou flott ewéi méiglech ze erliewen. Dofir freeën ech mech Iech eis Hierschtbroschür ze presentéiere wou mir, wéi gewinnt, ee flotte Programm op Bee gestallt hunn, dee mir hoffentlech zesummen erliewe wäerten.
 

Ënnert dem Titel ‘Duerch Dall a Land’ fannen an dëser Broschür dës Kéier och d’Amateure vun Oldtimer sech erëm. Mam éischten, vun der Daimler-Benz AG gebauten, Omnibus, geet et iwwert all Bréck, Hiwwel a Land. Dëse Mercedes-Benz vum Typ O 3500 gouf am Wierk zu Mannheim tëscht 1949 an 1955 hirgestallt an zielt zu den erfollegräichsten Omnibusser vu senger Zäit. Détailer gitt Dir nach méi spéit gewuer. Esou vill kann ech Iech op dëser Plaz scho verroden, Dir dierft dësen Tour op kee Fall verpassen!
 

Doriwwer eraus stinn natierlech eis flott Trëppeltier mam Ed Pansin weiderhin um Programm, an och eis léif gewonnen Alpakaen dierfen sech iwwert déi eng oder aner Visitt vun eis freeën.
 

Ech wëll Iech awer net d’Loscht huelen weider duerch d’Broschür ze bliederen a meng Iddien ze entdecken, wou dach déi eng oder aner ganz fantastesch Aktivitéit dobäi ass. An der Hoffnung, datt Dir Iech ugesprach fillt, sidd Dir häerzlech invitéiert, Iech bei mir am Service ze melle fir Är Plaz ze garantéieren.
 

Sou an elo hoffen ech, datt ech Iech konnt begeeschtere fir eng flott Excursioun mat eis ze maachen.
 

Ech freeë mech op Iech a bis dohi bleift gesond,

Margot

 

Wichteg Informatioun!

All Participanten sinn gebieden hir Impfcertificaten, PCR- oder Antigenschnelltester virun der jeeweileger Aktivitéit ze präsentéieren. Mir behalen eis d’Virrecht d’Visitten ze annuléieren.