Commune de Bertrange

Bayota - Bartreng Young Talents

Bayota

KICKOFF

 

Den 22. Abrëll fält de Startschoss fir déi drëtten Oplag vum Festival BAYOTA – Bartreng Young Talents. Och dëst Joer sichen d’Jugend- an d’ArcA- Kommissiounen an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Bartreng jonk Talenter a verschidde Sparten aus dem Kulturberäich. Sief et als Grupp oder Solist, um Piano oder awer an deenen sëllege Workshoppe wéi Danzen, Graffiti, Skateboard oder Zirkus, an dësem Festival huet jiddereen d’Méiglechkeet, säin Talent ënner Beweis ze stellen, villäicht eng nei Passioun fir sech ze entdecken oder einfach aus Virwëtz sech fir eppes Neies begeeschteren ze loossen.

 

Elo ass awer nees genuch gesot ginn,1 – 2 – 3 a lass, sich dir däint eraus a weis eis däin Talent.

jakob-owens-CiUR8zISX60-unsplash

CINEMA - Workshop & Contest

Datum : 30.04.2022
Auerzäit : 13h30 - 16h00
Location : Concertssall ArcA


Workshop | 13:30 - 16:00

‚Du wëlls wëssen, wéi Interviewer virun der Kamera gemaach ginn‘,
dann ass dëse Workshop genau dat Richtegt fir dech.

Hei kriss du een Abléck:
• wéi een déi richteg Froe stellt
• wéi een den Ipad richteg opstellt fir datt een den Interview op Film ka festhalen
• wéi een dat gefilmte Material zu engem flotte Film zesumme schneit mat iMovie

Contest | Reech däi Film bis den 19. Abrëll an a maach mat !

Hues du schonn e fäerdegen, eegene Film, deen net méi wéi 8 Minutten dauert? Da maach mat bei eisem Contest a schéck däi Wierk iwwert WeTransfer un :
oder gëff en als USB Stick op der Gemeng Bartreng am Service Culturel of.

Uschléissend un de Workshop fënnt d'Presentatioun vun den agereechte Filmer statt (16:00).

WIE KA MATMAACHEN:
Jiddereen, deen nach keng 21 Joer huet an an der Groussregioun doheem ass !
FIR D'PARTICIPATIOUN UM CONTEST:
Filmproduktioun vun net méi wéi 8 Minutten

Aschreiwung: bis den 19. Abrëll 2022

Informatiounen an Umeldungsformular: www.filmfederation.lu/agenda

claudia-raya-Ol0wJhWu3-s-unsplash

POLYPHONIC SINGING

Datum : 23.04.2022
Auerzäit : 10h00 - 12h00 & 14h00 - 16h00
Location : Concertssall ArcA


Workshop |
Improvisatioun! Dat ass de Schwéierpunkt vun dësem Atelier. Den Njamy Sitson weist iech op eng praktesch a spilleresch Aart a Weis, wéi een neie Song innerhalb vun e puer Stonnen entstoe kann.

D’Musek ass, wéi ee sou schéin seet, eng universell Sprooch a féiert d’Leit op eng natierlech Aart a Weis zesummen. De Prozess an d’Entstehung vum Lidd gëtt opgeholl.

D’Partizipatioun un dësem Workshop ass gratis an de kreative Prozess gëtt gefilmt. 
Bass du prett fir eng komplett nei Erfarung? Da mell dech un!

Organisatioun:
Finkapé asbl, Commune de Bertrange, INECC
Mat Ënnerstëtzung vum:
Département de l'Intégration du Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région

WIE KA MATMAACHEN:
Jonker vun 12 bis 27 Joer.
VIRAUSSETZUNG:
Minimal musikalesch Grondkenntnisser

Aschreiwung: bis den 19. Abrëll 2022 op

hans-vivek-By96LAr-34o-unsplash

TAKE TWO TO SIX

Datum : 24.04.2022
Auerzäit : 10h00 
Location : Concertssall ArcA


Contest |
D’UGDA Museksschoul organiséiert an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Bartreng an der Kommissioun ArcA esou wéi dem Service National de la Jeunesse een interregionalen Concours “Take Two to Six” fir jonk Museksgruppen (klassesch
a modern).

De Concours fënnt am Kader vum BAYOTA – Festival fir jonk Talenter Sonndes de 24. Abrëll 2022 am Konzertssall ArcA zu Bartreng statt.

* Cibléiert sinn Kammermusekensembelen oder Bands tëscht 2 a 6 Persounen (Instrumental/Gesang).
* Et sinn 3 verschidden Alterskategorien tëscht 10 a 27 Joer virgesinn.

WIE KA MATMAACHEN:
Jonker vun 10 bis 27 Joer.
GREISST VUM GRUPP:
2-6 Persounen

Aschreiwung: bis den 19. Abrëll 2022 op

Fir de Concours TAKE TWO TO SIX am Kader vum BAYOTA klick op: https://www.ugda.lu/fr/ecole-de-musique/concours-1/take-two-to-six-classique-ou-moderne

hao-zhang-dFpDCSECapg-unsplash

ORGAN RECITAL - Concert - Jonk Organisten

Datum : 29.04.2022
Auerzäit : 19h30 
Location : Kierch Bartreng


Contest & Concert|
Nom grousse Succès, deen den Uergelconcert bei der 2. Editioun vum Festival hat, siche mir och dëst Joer nees no jonken, talentéierten Organisten. Si sollen d‘Geleeënheet kréien, virun engem méi grousse Public ze spillen. 

Nieft klassesche Stécker kënnen och méi rezent Wierker presentéiert ginn. Och eegen Interpretatiounen esou wéi ganz modern Arrangementer wëlle gelauschtert ginn.

Beim Concert an der Kierch spillen awer och jonk Organiste mat, déi hiert Talent net eréischt beweise mussen.
Hiert Kënne gëtt dem Concert en zousätzleche Reiz.

WIE KA MATMAACHEN:
Jiddereen, deen nach keng 30 Joer huet an an der Groussregioun doheem ass !
GREISST VUM GRUPP:
10-15 Minutte maximal

Aschreiwung: bis den 19. Abrëll 2022 op

ingridi-alves-photograph-yePWDGPUWO0-unsplash

MISSION PERCUSSION

Datum : 07.05.2022
Auerzäit : 20h00 
Location : Concertssall ArcA


Concert JUST MUSIC
zesumme mat der Bartrenger Hunneband |
Deen traditionelle Percussiounsconcert vum Just Music fënnt dëst Joer am Kader vum Festival fir jonk Talenter - BAYOTA ënnert dem Motto Mission Percussion statt.

Zu den Special Guests zielt dëst Joer d‘Hunneband vun der Bartrenger Musek.

Zesummen invitéieren si op ee flotte Concert fir Kleng a Grouss.

De Programm variéiert vu klassesche bis hin zu modernen Interpretatiounen.
Fir jiddereen ass eppes dobäi.

ENTRÉE:
Präis: 12 € (Schüler-Präis: 8 €)

onur-binay-eTlkUZX1U0s-unsplash

RECORDING

Datum : 07.&14.05.2022
Auerzäit : 14h00 - 17h30 
Location : Jugendhaus


Vocal Workshop |
Du wëlls gär eege Beats produzéieren oder eng Gesangsopnam wéi an engem richtege Studio ophuelen an déi duerno beaarbechten? Da bitt d’Jugendhaus Bartreng dir genee dat richteg un. Du kriss d’Basics gewisen vir selwer musikalesch Opnamen ze maachen.

Dat ganzt ass gratis!

Dëse Workshop fënnt de 7. a 14. Mee 2022 am Jugendhaus statt an richt sech un Jonker tëschent 12 an 27 Joer.
Dat ganzt ass eng Zesummenaarbecht mat der Axwai Asbl.

WIE KA MATMAACHEN:
Fir Jonker vun 12 bis 27 Joer
PARTICIPATIOUN:

Gratis

Aschreiwung: bis de 5. Mee 2022

te-nguyen-Wt7XT1R6sjU-unsplash

YOUNG SOLOIST

Datum : 08.&15.05.2022
Auerzäit : ab 09h00 
Location : Concertssall ArcA


Contest |
Du bass dat nächst Rita Ora oder den nächsten Ed Sheeran a konnts däin Talent bis elo nach net weisen. Hei kriss du d’Chance vun dengem Liewen, fir dir däin Dram ze erfëllen.

Op Klassik, Pop, R’n’B, HipHop, Rap, Soul, Blues, Jazz oder awer Electro oder Funk, dës Bün ass déi richteg, fir engem Jury däin Talent ze weisen. Mä och a capella oder als Gittarist, Pianist an Instrumentalist, hues du eng Plaz op eiser Bün verdéngt.

De Song, deens du virdréis, ka selwer komponéiert oder awer och einfach just däi Liblingslidd sinn. Een Instrument oder eng akustesch Begleedung sinn als Ënnerstëtzung erlaabt.

WIE KA MATMAACHEN:
Jiddereen am Alter vu 7 bis 27 Joer deen an der Groussregioun doheem ass
DAUER VUM OPTRËTT:

2 bis 6 Minutte maximal
WAT & WÉINI: 

08. Mee - Instrumental
15. Mee - Piano & Gesang

Aschreiwung: bis den 19. Abrëll 2022 op

judeus-samson-zQyIyYvEixY-unsplash

CIRCUS

Datum : 14/05/2022
Auerzäit : 09h00 - 12h30 
Location : Concertssall ArcA


Workshop | 09:00 - 11:30 |
Dech huet di magesch Welt vum Zirkus schonn ëmmer faszinéiert an du hues dovu gedreemt selwer als Star an der Manege ze stoen?

Ze jongléieren, e Clown ze spillen, Eerad ze fueren oder duerch Akrobatik däin Talent ënner beweis ze stellen?

Dann iwwerlee net laang an ergräif deng Chance fir bei eisem Workshop an der Show ronderëm di mystesch Welt vum Zirkus matzemaachen.

Show | 11:30 - 12:30 | En onvergiesslecht Erliefnis !

WIE KA MATMAACHEN:
Jiddereen, deen nach keng 28 Joer huet an an der Groussregioun doheem ass
WAT MUSS DU MATBRENGEN:
Näischt ausser gutt Laun a Motivatioun

Aschreiwung: bis den 19. Abrëll 2022 op

t1

THEATER

Datum : 14/05/2022
Auerzäit : 14h00 - 17h30 
Location : Concertssall ArcA


Workshop | 14:00 - 17:00
Theater & Expressioun
- Ausdrock vu Gedanken duerch Gestik a Spill mat der Physiognomie
- Gesiichtsausdréck: eng ausdrocksstaark Mimik hunn
- Konventionell Sprooch, déi duerch Gesten, Haltungen a Gesiichtsausdréck am klasseschen Danz gebraucht gëtt

Dacks si Wierder iwwerflësseg, fir Freed, Leed, Schock, Angscht, Suerg asw auszedrécken. Eist Gesiicht „schwätzt“. Aus dësem Grond déngt d’Mimik an der Theatersprooch dozou, d’Gefiller an d’Gedanken, déi d’Figur beweegen, ze
ënnerstëtzen. Zousätzlech kënne si Wierder begleeden. Effektiv gëtt d‘Mimik, wann se ouni Geräischer a richteg agesat gëtt, en staarkt Ausdrocksmëttel.

Show | 17:00 - 17:30 | Jiddereen ass wëllkomm !

WIE KA MATMAACHEN:
Jiddereen, deen nach keng 28 Joer huet an an der Groussregioun doheem ass
OFLAF:
Workshop: 14:00 - 16:30
Preparatioun: 16:30 - 17:00
Show: 17:00 - 17:30

Aschreiwung: bis den 19. Abrëll 2022 op

17758497 10212625824699919 8273032178532584092 o

GRAFFITI

Datum : 07/ & 08/05/2022
Auerzäit : 14h00 - 16h00 
Location : Fussballsterrain


Workshop |
Du wolls schonn ëmmer e Graffiti op eng Mauer sprayen, dann ass dëse Workshop genee dat richtegt vir dech! De bekannte Street Artist Raphael Gindt wäert dir déi verschidden Technike weisen an dech an denger Kreativitéit begleeden. Du bass tëscht 10 a 27 Joer al, dann invitéiert dech d’Jugendkommissioun, dech séier unzemellen. Plazen si limitéiert.

Dëse Workshop fënnt iwwert 2 Deeg statt, an zwar de 7. an 8. Mee 2022 beim Fussballsterrain zu Bartreng.
Et geet drëms, enger Mauer e frësche jugendleche Look ze ginn.

Wou : Plaine des Jeux André Wolff Bartreng (Fussballsterrain)

WIE KA MATMAACHEN:
Jiddereen, deen tëscht 10 a 27 Joer al ass
WICHTEG:
Al Kleeder si recommandéiert


Aschreiwung: bis den 30. Abrëll 2022 op

doriana-dream-Juif2T9EnOs-unsplash

COLOR-UP Concours

Datum : 22/04-12/05/2022
Auerzäit : /
Location : Foyer ArcA


Art Gallery, "D'Jugend moolt" |
Du bass tëscht 10 a 27 Joer al, a wëlls eis, denge Kolleegen an denger Famill däin Talent weisen? Da bass du bei eis richteg! D’Jugendkommissioun invitéiert dech, deng Wierker am Kader vum Concours "D’Jugend moolt" auszestellen.

Dësen artistesche Concours fënnt vum 22. Abrëll bis den 12. Mee 2022 statt.

D’Exponater ginn iwwert d’Gesamtdauer vum Festival am Foyer vun der ArcA ausgestallt.

Dëst Joer gëtt et och erëm de "Prix du public", bei deem och Dir, nieft der Jury, fir dee Kënschtler wiele kënnt, deen Iech am beschte gefält. Kommt laanscht a gitt Är Stëmm of.

Néi ass dëst Joer d‘Ënnerdeelung an zwou Alterskategorie vun 10 bis 15 Joer an vun 16 bis 27 Joer. Déi 3 beschte Konschtwierker aus all Kategorie gi präméiert.

D‘Gewënner gi bis Enn Mee iwwer E-Mail benoriichtegt.

D’Wierker musse bis den 13. Abrëll 2022 an der Gemeng ofgi ginn.

WIE KA MATMAACHEN:
1. Alterskategorie vun 10 bis 15 Joer
2. Alterskategorie vun 16 bis 27 Joer.
VERNISSAGE:
22. Abrëll 2022 / 19h00


Aschreiwung: bis den 8. Abrëll 2022 op

Cap

CAPOEIRA Team Lëtzebuerg

Datum : 08/05/2022
Auerzäit : 15h00 - 18h00
Location : Centre Atert


Workshop | 15:00 - 18:00
Capoeira ass eng afro-brasilianesch Kampfkonscht, déi de Kampf mat Danz, Akrobatik, Musek a Gesang vermëscht. Am Duell ausgedroen entsteet hei een Fro-an-Äntwert Spill déi all Téin a mëndlech Kommunikatioun beusprocht: häerzlech Konversatioun, Neckereien, Sträit…


Originn:
Capoeira ass zu der Zäit vun der Sklaverei entstanen a soll seng Wuerzelen an de Kämpf an Dänz vum afrikanesche Vollek hunn. Wéi en als Verdeedegungskampf an der Rebellioun géint Sklavenhaltereigesellschaft agesat gouf, ass e verbueden ginn, mee als Training hanner Gesang, Danzbeweegungen an Akrobatik gutt verstoppt ginn.

Capoeira gouf laang Zäit mat Kriminalitéit a Verbindung bruecht, a war och nach laang no der Ofschafung vun der Sklaverei a Brasilien verbueden. Haut gëlt de Capoeira als eegestänneg Sportaart, déi op der ganzer Welt op Gefalen gutt ukënnt.
2014 gouf Capoeira an d’Lëscht vum UNESCO Weltkulturiewen opgeholl.

Show | 17:00 - 18:00 | Looss dech matrappen !

WIE KA MATMAACHEN:
Jiddereen, deen nach keng 28 Joer huet an an der Groussregioun doheem ass !
OFLAF:
Workshops:
Kanner: 15:00 - 16:00
Jugendlecher: 16:00 - 17:00
Show: 17:00 - 18:00


Aschreiwung: bis den 2. Mee 2022 op

hector-j-rivas-jvitXXO6KdM-unsplash

READING

Datum : 15/05/2022
Auerzäit : 17h00
Location : Concertssall ArcA


Erlieft HAUT d‘Literatur vu MUER! |
De 15. Mee um 17 Auer liesen an der ArcA fënnef jonk Auteuren Texter op Englesch, Franséisch a Lëtzebuergesch. Déi Auteuren hunn all schonn Texter publizéiert a bei Concourse Präisser gewonnen. Hiert Thema op dëser ëffentlecher Liesung, déi sech u jonk an eeler Interessente riicht, ass: „#AFTERCOVID“.

Et liesen:
Nicolas Calmes, Ognyan ‚Flame‘ Darinov, Cosimo D. Suglia, Camal Tahireddine a Maxime Weber.

Et moderéiert de bekannte Literaturspezialist Jerôme Jaminet.
Musikalesch gëtt d‘Liesung encadréiert vum Maxime Weber.

WAT ERWAART DECH:
Ëffentlech Liesung mat bekannte jonken Auteuren
THEMA:
#AFTERCOVID
 

s2

SLACKLINE

Datum : 23 & 30/04/2022
Auerzäit : 14h00 - 16h00
Location : Centre Atert


Workshop |
Fann deng Balance a probéier d'Trendsportaart vun der Slackline aus.

Hei si Konzentratioun a Koordinatioun gefrot. Et ass eng Sportaart bei där Gläichgewiicht a Gedold eng wichteg Roll spillen. Dëse Workshop richt sech u Jonker tëschent 10 a 27 Joer. Maach dech bäi well d’Plazen si limitéiert.

Dësen Atelier fënnt emol den 23. Abrëll an emol den 30. Abrëll 2022 statt an dat beim Terrain Multisport beim Centre Atert. Vum Spane vun der Slackline tëschent zwee Beem bis hin zur perfekter Laftechnik, hei léiers du d’Basics vun dëser Trendsportaart.

WIE KA MATMAACHEN:
Jiddereen, deen tëschent 10 a 27 Joer huet an an der Groussregioun doheem ass
DE WORKSHOP ASS ENG COLLABORATIOUN:
mam Service National de la Jeunesse (SNJ)

Aschreiwung: bis den 18. Abrëll 2022 op

tiago-pedro-ScI-dqCyfYw-unsplash

SKATEBOARD

Datum : 14/05/2022
Auerzäit : 14h00 - 18h00
Location : Skatepark


Workshop |
Du bass den nächsten Tony Hawk oder stoungs nach ni op engem Skateboard an géifs gären d’Basics vum Skate léieren. Hei kriss du d’Chance vir däin éischten Drop-in, Ollie oder Boardslide ze léieren.

Wärend dem Kuer léiers du wéi een sech richteg op de Skate stellt, wéi ee richteg bremst oder och eng Rampe erof fiert. Skate rëselt een net einfach esou aus dem Aarm, do brauch een Ausdauer, Courage a virun allem vill Spaass un der Saach.

Dëse Workshop richt sech u Jonker tëschent 6 a 27 Joer a fënnt de 14. Mee 2022 am Bartrenger Skatepark (Gare Bartreng/Stroossen) statt. 

Déi noutwenneg Schutz Kleedung wei Helm, Knéi-, Ielebou- an Handgelenkschoner kennen ausgeléint ginn, falls du keng solls hunn.

WIE KA MATMAACHEN:
Jonker tëschent 6 a 27 Joer
NËTZLECH INFORMATIOUN:
Jiddereen ass wëllkomm, mat oder ouni Board

Aschreiwung: bis den 30. Abrëll 2022 op