Commune de Bertrange

Culture & musique

Avril 28

De ganzen Dag Circus, owes Theater

CIRCUS Aff - Portrait Duo

Adresse :

ArcA | 17 rue Atert | L-8051 Bertrange

Voir sur la carte

Début de l'événement :

20:00

Entrée: 12 €

Réservation: www.luxembourgticket.lu 



Et gëtt Kënschtler hei zu Lëtzebuerg, déi kann een -  zemools wann se schonn an engem “gewëssen“ Alter sinn - awer och keen Abléck méi alleng loossen !  A scho guernet während enger méintelaanger Pandemie mat “couvre-feu“, “gestes barrièren“, souwéi “sanitaire mesuren/innen & Entwuermungen“  etc....
 

Abee d’Yannchen an de Carlo hu versicht déi laaaang Zäit  esou onverstänneg wéi méigelech ze notzen a si ganz déif a sech era gaang (an do wor et nach laang net schéin!)..... Si présentéieren an hirem neien CIRCUS-Programm d’Highlights aus hiren zwee räichhaltege, kënschtleresche Liewen.
 

Si wandere mat iech duerch d’Ritterzäit, duerch d‘Altersheimer, an de Paräisser Musée de l‘Érotisme, mam Annie Cordy op d’Oktoberfest an natierlech uechter d‘Theaterwelt an Operenhaiser.  Wierker vu Putty Stein, Edith Piaf, Otto Reutter, Brigitte Mira, Farkas & Waldbrunn, Georg Kreisler .... a fir dass den “Eescht vum Liewen“ net ze kuerz kënnt: vill Neies vun Hartmann & Hoffmann.
 

Wéi dat alles beienee passt? Dat hu mer ons och alt  gefrot.