Commune de Bertrange

Culture & musique

Janv. 23

De Ratefänger vun Hameln

Photo2

Adresse :

ArcA | 17 rue Atert | L-8051 Bertrange

Voir sur la carte

Début de l'événement :

10:30

1. Séance: 10.30 Auer

2. Séance: 15.00 Auer

Tickets: 8 € Erwuessener / 5 € Kanner

CovidCheck 2G+ (Geimpft/Genesen +Selbsttest op der Plaz)
Réservation: www.luxembourgticket.lu / Tél. 47 08 95 1


 

Matten an Däitschland läit eng Stad, déi Hameln heescht.
 

Hameln ass weltberühmt!
 

Et ginn iwwerall Spillplazen, Äppelbeem, Glaceverkeefer… a Bänken, op déi een sech sëtze kann, wann d’Sonn schéngt.

An d’Awunner begréisse sech frëndlech a beschäissen sech och net zevill hannert dem Réck.
 

Et geschitt matzen an der Nuecht…a mueres, esou géint 8 Auer, rifft de Bäcker Quetschekraut:

- Meng Petit-Fouren !! Meng Petit-Foure si verschwonn!
 

De Metzler jäizt:

- Meng Wirschtercher sinn net méi do!
 

D’Madamm Félicie vum Kéisbuttek jéimert :

- Bei mir woren d’Raiber …mäi ganze Kéis ass fort!
 

De ganze Gemengerot leet d’Stiir a Falen a mécht sech gaaanz vill Suergen.
 

No deem groussen Erfolleg vu sengem „Rotkäppchen”, dat iwwert 300 mol a ganz Europa gewise gouf, daucht den Dan Tanson nees eng Kéier an déi magesch Welte vun de Bridder Grimm.
 

„De Ratefänger vun Hameln“ ass eng spannend Mëschung vun der Originalgeschicht an zäitgenëssercher Situatiounskomik, dëst zesumme mat Live-Musek a fantasievollen Illustratiounen.
 

Betsy Dentzer, Erzielung

Juan Carlos Díaz Bueno, Flûte

Louisa Marxen, Percussioun

Dan Tanson, Konzept a Regie

Vincent Biwer, Illustratiounen

Alexandra Lichtenberger, Costume

Philharmonie Luxemburg, Produktioun