oct. 29
La commune

Filmnomëtteg "Honig im Kopf"

Nom Dout vu senger Fra kritt den Amandus säin Haushalt net méi an de Grëff. Säin Jong, de Niko, hëlt en bei sech op – trotz den Awänn vu senger Fra Sarah. 

Schnell gëtt kloer, dass d’Bestietnes vum Tilda senge berufflech staark gefuerderten Elteren, dat souwisou schonn ënnert engem schlechte Stär stoung, enger weiderer Belaaschtung net Stand hält. Den Amandus gëtt nämlech ëmmer méi vergiesslech an onberechenbar. Wéi en bal d’Haus ofbrennt, bestätegt den Niko, deen ënner Scholdgefiller leid, senger Fra, dass den Amandus fir ee gutt funktionéierend Familljeliewen net
zoumuttbar ass. D’Situatioun schéngt aussiichtslos. Grad huet den Amandus zum Tilda sengem grousse Gléck, säin Zëmmer an der Familljevilla ageriicht, lo soll en och schonn nees eraus plënneren, an zwar an e Fleegeheem. Mee mat der Decisioun well d’Tilda sech op kee Fall offannen.

Am Géigendeel: ouni seng Elteren z’informéieren, geet hat mat sengem Grousspapp op den Tour, fir him säi gréisste Wonsch z’erfëllen. Hien well
nach emol Venedeg gesinn, d’Stad, an der hien viru ville Joer mat senger Fra op Hochzäitsrees war.


@ ArcA

Ufank: 16.00 Auer

Präis: Gratis

Versioun: DE

Umelldung bis den 28.10.2020 
Tel. 26 312 250

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus