oct. 20
La commune

Visitt vun der Duchfabrik + Trëppeltour zu Esch/Sauer

Déi al Duchfabrik vun Esch/Sauer ass 1992 als Naturparkzenter ëmgebaut gi wou een am Musée déi handwierklech Traditioun vun der Duchproduktioun erliewe kann. 

Den Ursprong vun der Fabrik ass schonns am 16. Joerhonnert entstanen.1807 huet de Martin Schoetter-Greisch eng « Walkmaschinn » an 10 Joer méi spéit déi éischt Spinnmaschinn installéiert. Ëm 1866 gouf de Betrib vergréissert fir eng gutt Duchproduktioun ze erméiglechen. Leide huet den Betrib seng Dieren 1975 definitiv zou gemaach.Haut kënne mir déi schéi restauréiert Maschinne bei enger Visitt bewonneren.

Fir Mëttegiesse gi mir an d’Auberge les deux Tours wou jiddereen iesse ka wat hie well.

Bei engem gemittlechen Spadséiergang spéider am Nomëtteg loossen mir eis d’Geschicht vun Esch/Sauer erklären.


Départ beim Parking ArcA um 08.45 Auer

Präis: 25 €

Umelldung bis den 14.10.2020
Tel. 26 312 250

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus