oct. 18
La commune

Nationalen Erënnerungsdag

Wéi all Joer feiert d’Lëtzebuerger Land säi Nationalen Erënnerungsdag, als Undenken un déi heroesch Resistenz vun eisem Vollek géint d’Occupatioun vun 1940 bis 1945.

Zu Bartreng sinn d’Feierlechkeeten e Sonndeg, den 18. Oktober 2020 ëm 10:00 Auer virum Monument aux Morts.

A Präsenz vum Gemengerot leet de Schäfferot do Blummen nidder, iwwerdeems d’Sonnerie aux Morts gespillt gëtt. 

De Schäfferot wär frou wann d’Veräiner duerch hire Fändel bei dëser patriotescher Feier hir Präsenz géife manifestéieren an esou d’Zeremonie erhiewen.

Och all aner Leit vu Bartreng kënne gären un dësem Festakt deelhuelen.

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus