janv. 26
Culture & musique

Jugendgala

JUGENDGALA

Bartrenger Hunneband an Hesper Jugendmusek in Concert

De Jugendensembel vun der Bartrenger Musek nennt sech zënter kuerzem „Bartrenger Hunneband“. Dat weist: Hei gëtt mat engem neien a frëschen Elan geschafft a musizéiert.

Zesumme mat der „Hesper Jugendmusek“ ginn déi jonk Musikantinnen a Musikanten e Galaconcert ënner der Direktioun vum Claude Origer a Steve Boehm.

Déi Jugendlech si staark motivéiert; si maache gäer Musek a wëllen hir Freed an hiren Enthusiasmus an engem flotte Concert mat engem grousse Public deelen.

Um Programm stinn ë. a. Wierker vun

- Ennio Salvere, Andrew Lloyd Webber, Freddie Mercury, James Curnow, John Williams,

- The Beatles, Etienne Crausaz, PSY, Ed Sheeran, Gustav Holst, Richard L. Saucedo.


@ ArcA

Ufank: 16.30 Auer

Fräien Entrée

Info:

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus