oct. 22
Culture & musique

KMK - KABARETMARSKLEIN

PREMIÈRE ZU LËTZEBUERG
WANN E SALAMANDER MAT DEM FEIER SPILLT


Litteraresch hëtzeg. Musikalesch sprëtzeg 

Wäit ewech vu bëlleger Comedy oder populisteschem Beschass steet KMK fir Kalitéit vum Text a Kalitéit vum Chanson. Wuertspillerei a satiresch Kritik wiësselen sech och am neie Programm of, deen am éischten Deel e witzeg-wëlle Bestiarium weist, an am zweeten de Mënsch ënner d’Lupp hëlt an eng Rei Bëssegkeeten iwer Lëtzebuerg auspaakt.

Mam Véronique Kinnen, Martina Roth a Sabine Rossbach huet de Mars Klein exzellent Schauspillerinnen a Sängerinnen niewt sech, a mam Rudi Schubert e kreative Komponist um Piano. 

D’Texter vun däitschen Auteuren a vum Mars Klein selwer gi gespillt op Lëtzbuergesch an Däitsch.


@ ArcA

Début: 20.00 heures

Entrée: 20 €

Tickets: www.luxembourgticket.lu

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus