sept. 27
La commune

Race across America

Dir sidd e Fan vum Vëlossport oder ganz einfach begeeschtert vum Extremsport?

Als zweete bei der Race Across America d’lescht Joer, eng vun den häertste Vëloscoursen op der Welt, gëtt den Dizzy eis en Abléck a säi Werdegang als Cycliste, säin Training, seng Preparatioun, seng Organisatioun an erzielt eis vu sengen Héichten a Déiften op sengem memorablen Tour queesch duerch den Nordamerikanische Kontinent. 

Zesumme mat sengem Bruder Luc, „crew chief“ vun der Assistenz-Equipe, léisst de  Weltmeeschter 2019 am Ultracyclisme Iech d’Aventure RAAM 2018 nach eng Kéier hautno materliewen anhand vu Videomaterial a Fotoen a mat live Kommentaren an Anekdoten.

De Spectateur kritt eng aner Säit vum Vëlosport presentéiert, souwuel aus der Sicht vum Coureur ewéi och aus der Sicht vun der Assistenz-Equipe.

En Don un d’Associatioun „Zesummen Aktiv“ (www.zak.lu) ass erwënscht a kann op der Plaz gemaach ginn.



@ ArcA

Organiséiert vun der Kommissioun fir kulturell a sportlech Evenementer

Ufank: 19.30 Auer

Entrée fräi

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus