sept. 22
La commune

Mam Schéifer ënnerwee zu Bartreng an zu Stroossen

D'Gemengen Bartreng a Stroossen,
hir Ëmweltkommissiounen an de SICONA


invitéieren Iech häerzlech op hiren Trëppeltour ënnert dem Motto:

Mam Schéifer ënnerwee zu Bartreng an zu Stroossen
E Sonndeg, den 22. September 2019
Rdv. 14.30 Auer, am Agang vum Domaine des Ormilles um “Tossebierg” zu Bartreng


Um “Tossebierg” an am “Gaaschgrond” fanne mir nach aarteräich Blummewisen, ganz interessant a soss bal verschwonnene Liewensraim mat ganz eegenen Déieren- a Planzenaarten. Dës bedrote Liewensraim ginn duerch de Wanderschéifer mat sengem Schof-Troupeau ënnerhalen. Mir begleeden hien e Stéck Wee mat sengem Troupeau “Mäh-Maschinnen fir gewuer ze gi wéi hien dat genau mécht. Nieft dësem spannenden Abléck an dëse seelene Beruff a säin Notze fir d’Natur, kucke mir eis och verschidden typesch Planzen an Déiere vun de sandege Biedem hei aus dem Eck un.

Den Tour dauert ca. 2,5 Stonnen. Ditt w.e.g. dem Wieder ugepasste Gezei a gutt Wanderschong un. Eng Umeldung ass erfuerderlech well d’ Plazen si limitéiert. Mellt Iech w.e.g um Tel. 26 30 36 25 oder ënnert der E-Mail-Adress:  un.

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus