juin 22
La commune

Virowend vun Nationalfeierdag

De Schäfferot vun der Gemeng Bartreng invitéiert Iech heimat op d’ Feierlechkeete vun eisem Nationalfeierdag, déi an eiser Gemeng samschdes, den 22. Juni 2019 owes stattfannen.

Programm
• 18.30 Auer: D’Veräiner, d’Bierger an d’Autoritéiten komme bei der Place du Jumelage (niewent der Gemeng) zesummen a stellen sech op.
• 18.45 Auer: Cortège bis bei de Centre Atert.

• Uschléissend patriotesche Festakt am Centre Atert.

• USPROOCH vum Buergermeeschter

• ÉIERUNG fir verdéngschtvoll Matbierger

• HEEMECHT

• MUSIKALESCHEN ENCADREMENT vun der Bartrenger Musek

• Ofschléissend Éirewäin mat Barbecue.
 

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus