mai 24
Culture & musique

Fréijoersconcert

Den traditionelle Fréijoersconcert vun der Bartrenger Musek ass dëst Joer am Kader vum Festival. Bei deem Concert kréien déi jonk Talenter, jeeweils ënnert der Direktioun vum Claude Origer, eng besonnesch Plaz:

• den „Orchestre des Jeunes“ aus der Bartrenger Museksschoul,
• de Jugendensembel vun der Bartrenger Musek an
• den „10 AM Brass Quintet“ vum Escher Conservatoire.

Déi méi jonk Formatioune spillen um Ufank vum Concert, d‘Quintett iwwerhëlt d‘Roll vun de Solisten am Concertsdeel vun der Bartrenger Musek, wou och 2 jonk Solistinnen aus der grousser Musek, d’Florence Delvigne an d’Céline Evrard op der Klarinett, am Programm matwierken.

Um Programm selwer sti flott Wierker fir symphonesche Blosorchester mat bekannte Melodien aus dem Jazz, dem Pop an der Filmmusek.



@ Centre Atert

organisé par Bartrenger Musek

Début: 19.30 heures

Réservation:

Entrée: 10 € Adultes, 5 € étudiants, enfants gratuits

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus