mai 17
Culture & musique

Jeunes Organistes in concert

Am Kader vum „Festival fir jonk Talenter“, deen d‘Gemeng Bartreng vum 11. bis de 24. Mee 2019 organiséiert, kënnen och jonk Organisten hiert Talent ënner Beweis stellen.

Et spillen: Charel Breisch, Weikang Keny Chen, Michel Krier, Marc Loewen, Sydney Scho.


@ Eglise Bertrange, place de l'Eglise

Début: 19.30 heures


 


1. Charel Breisch
Vu Klengem u konnt de Charel sengem Papp déi éischt Handgrëffer beim Uergelspill ofkucken. Zënter 2014 séngt hie bei de „Pueri Cantores“
am Stater Conservatoire. 2018 schléisst hien e Premier Cycle um Cello mat Distinction of a kritt mat Grande Distinction seng 1. Mentioun
am Solfège. Zënter 2016 huet hien Uergelcoursen am Escher Conservatoire.

2. Weikang Keny Chen
De Keny mécht seng musikalesch Studien am Conservatoire de Musique vun der Stad Esch. Ënner anerem huet hien do Solfège, Museksgeschicht,
Harmonie écrite a Musique de chambre gemaach. Hie preparéiert den 2.Präis am Piano an der Classe vum Daniel Feis, de Concours de déchiffrage (degré supérieur) beim Stefanie Duprel a seng 2. Mentioun an der Uergel beim Paul Breisch. Ageschriwwen ass hien och am 1. Joer „Jazz“.

3. Michel Krier
Mat 7 Joer fänkt de Michel als Sänger bei de „Pueri Cantores“ am Stater Conservatoire un. Seng grouss Léift gouf de Piano, mä zënter 11 Joer huet hien och Uergelcourse beim Alain Wirth. Haut ass de Michel an der „Classe pour piano d’accompagnement“ vum Katrin Reifenrath. Hie séngt an der „Chorale des Jeunes“ beim Sylvie Serra-Jacobs, mécht Chantbeim Marc Dostert an huet och Choraldirektiounscourse beim Jean-Paul Majerus an Andy Loor suivéiert. Am Moment preparéiert hie säin éischte Präis am Piano beim Anise Weiler a wëll Musek an Däitschland studéieren.

4. Marc Loewen
2008 krut de Marc seng éischt Uergelcoursen am Conservatoire du Nord beim Maurice Clement an 2017 den Diplôme Supérieur d’Orgue. De Marc huet éischt Präisser am Solfège an an der Musekstheorie (Harmonie an Analyse). Hien huet Jazz Piano a Bügel bei der UGDA an  Orchesterdirektioun beim Carlo Jans am Stater Conservatoire geléiert. Haut leet hien den „Ensemble des jeunes de la fanfare de Lintgen“ an d’„Chorale d’enfants et de jeunes de Consdorf“. Zënter 2016 ass hien an der Classe „Kirchenmusik“ op der „Hochschule für Musik Saar“ ënnert der Direktioun vum Organist Andreas Rothkopf.

5. Sidney Scho
Seng éischt Uergelcoursen huet de Sidney mat 10 Joer kritt. Haut preparéiert hie seng 1. Mentioun. Mat 6 Joer hat hien awer mat der Gei ugefaangen a krut 2018 seng 1. Mentioun. D’Uergel spillt hien ënner anerem am Sacré Coeur an der Stad, zu Bouneweg, zu Käl, zu Rëmeleng an zu Esch.

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus