janv. 11
Culture & musique

Endlech Alaska

Mat dësem drëtten Deel schléisst de Jay Schiltz seng Alaska-Trilogie mam Monique a mam Marcel of. No den turbulenten éischte Jore vun hirer Pensioun (E Wäibierg an Alaska.) an dem Marcel sengem Ausflug an d'Politik (Wéi wäit nach bis Alaska?), maachen déi zwee am leschten
Deel elo de Bilan vun engem laangen a gemeinsame Liewen. Mee dat geschitt allerdéngs op eng Aart a Weis, déi op dëser Plaz net soll verrode ginn. Och am drëtten Deel sinn d'Monique an de Marcel, wéi ëmmer, fir eng Iwwerraschung gutt. Mat vill Witz a plazeweis schwaarzem Humor, awer och nodenklech, beschreift de Jay Schiltz eng Koppel, déi zu gudder Lescht mat deemjéinege konfrontéiert gëtt, deen op eis alleguer waart.

Mam Monique Melsen, Mady Dürrer a Marcel Heintz

Text: Jay Schiltz
Regie: Claude Mangen
Regieassistenz: Cristina Kneip
Kostümer: Sylvie Hamus
Technik: Jaakes Hoffman a Charel Stoltz


@ ArcA

Début: 20.00 heures

Entrée: 20 € 

Réservation: 621 626 132 ou www.kameidi.lu

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus