nov. 15
Culture & musique

ALBY AIRLINES

De Kannerensembel vum Bartrenger Kaméidi präsentéiert iech den neie Kannermusical vum Liane Nimax a Max Fischbach:

Op enger Äisplack um Nordpol, déi lues a lues am Gaangen ass ze schmëlzen, kënnt dee klenge Pong Guin op d'Welt. Mee leider ass hien net wéi all déi aner Pinguinskanner. Hien ass faarweg getëppelt an dowéinst gëtt hien vu jidderengem ausgestouss. Nodeems säi Papp him vun enger Äisbull am Himmel geschwat huet, wëll hie mat dem Alby Albatros dohinner fléien an e Stéck Äis ofbriechen a sengen Elteren et schenken fir hir kleng
Insel ze retten. Mee mat Schrecken stellt de Pong Guin fest, datt schonn een e Stéck vun där Äisbull ofgebrach huet. Fir erauszefannen, wien do dat Äis am Gaangen ass ze klauen, mussen déi 2 Kommissare vu Gonnereng, Jimmy Schnoffler a Camille Driipsert erbäi.

Ob et hinnen zesumme geléngt, d'Äisplack vum Pong Guin a senger Famill ze retten... ?



@ ArcA

Début: 16.00 heures

Entrée: 13 € adultes, 8 € enfants

Réservation: 621 626 132 / www.kameidi.lu

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus