déc. 08
Culture & musique

WEIBEREIEN

WEIBEREIEN

En Erzielowend mat Fraegeschichten aus der ganzer Welt

Staarker oder schwaacher; där, déi mat zwee Féiss um Buedem stinn oder awer där, déi op Wolleken danzen; där Gewëtzter oder där mat engem Briet virum Kapp, där diskreter oder där mat engem grousse Mondwierk; där, déi jiddereen em de Fanger wéckelen an nach där, déi nees opstinn, wann se mol op d’Nues gefall sinn... Där Frae ginn et vill verschiddener, an et wär falsch, fir se all an en Tirang ze raumen.

D’Betsy Dentzer, d’Nadine Kauffmann an d’Nancy Schlammes hu sech sproochlech a musikalesch mat deene Weiber ronderëm geschloen, sinn an hier Welte gedaucht an hu se fir Nolauschterer erausgefiizt. Eraus koum en humorvolle Geschichtenowend... net nëmme fir Fraen!

Erzielung, Textrecherche a -veraarbechtung: Betsy Dentzer
Musek (Kompositioun a Spill): Toneclash
Nadine Kauffmann (Saxofon) an Nancy Schlammes ( Percussioun)

Produktioun:
D’Chancegläicheetsservicer vun Diddeleng a vu Betebuerg

Photokredit: Véronique Kolberden 


@ ArcA

Début: 20.00 heures

Entrée: 15 €

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus